Lux Rollers vs Trier Dolphins 2

En Dënschdeg hu mir ee Frëndschaftsspill géint Tréier 2 gespillt.

Et war een immens sympatesche Match. Mir hoffen dass mir dat eng Kéier kënne widderhueleb. 👍

Ee grousse Merci un déi fräiwëlleg déi eis beim Match gehollef hunn.

An villmools Merci virun allem eisen zwee Schiedsrichter, Sven Hemmen a Luc Meisch. ☺️🏀

ASSEMBLEE GENERALE VUN DE LUX ROLLERS – 12.05.2023

De Freideg hate mir eis Assemblée générale am Rehazenter Luxembourg wou mir de Bilan iwwert d’Joer 2022 gemaach hunn an och provisoresch Bilan fir d’Joer 2023 gemaach hunn.

Austriedend an neizewielend waren den Raymond Schintgen (President) a Michèle Medernach (Vize-Presidentin).

Allebéid hunn hier Kandidatur erëm era geschéckt esou dass Si opmanst mol weider zwee Joer am Comité sinn. 😉

De Comité stellt sech elo esou zesummen:

President: Raymond Schintgen
Vize-President: Michèle Medernach
Trésorier: Justine Fisch
Sekretär: Philippe Faber
Memberen: Franca Allegra, Manuel Fonseca a Josée Martin

Dem Gerard Jerry Villmools Merci fir d’Fotoen. ☺️
An alleguer de Leit och Merci, déi un eiser A.G. deel geholl hunn.

LUX ROLLERS VS WIESBADEN – 30.04.2023

Leschte Sonndeg, den 30. Abrëll hate mir eise leschte Match géint Wiesbaden am Rehazenter um Kierchbierg.

Mir konnten den éischte Match mat 50:39 géint Wiesbaden gewannen.

Den 2. Match hu mir leider mat 26:66 géint Wiesbaden verluer.
An deem Match war einfach de Wuerm dran an ee wichtege Spiller vun eis, konnt leider den 2. Match net matspillen.

Egal! Am allgemenge kënne mir awer immens stolz op eis sinn, dass mir d’Saison op der 2. Plaz ofgeschloss hunn. 🙂🏀

Elo hu mir Paus mam Championnat bis Ugangs Oktober.
Mir hunn awer nach bis dohinner eng Rei aner Aktiviéiten, wou mir iech natierlech um lafenden halen.

Dës weideren huet AABBL „Association des Anciens du Basket-Ball Luxembourgeois“ eis erëm wéi esou oft mat engem Scheck vun 1.000€ ënnerstëtzt.
Villmools Merci nach eng Kéier fir deen generéisen Don. ☺️🍀

Wa mir schonn bei de MERCIEN sinn, wollte mir alleguerten deene Leit nach villmools Merci soen, déi eis iwwert déi ganz Saison op iergendeng art a weis ënnerstëtzt hunn.

Ee grousse Merci geet awer och un de Gerard Jerry fir déi flott Fotoen deen hien quasi iwwert déi ganz Saison gemaach huet.

MERCI A BIS SPEITSTENS AM OKTOBER! 😊🧡

Foto: Gerard Jerry

Foto: Jerry Gerard

Foto: Gerard Jerry

Foto: Gerard Jerry

Foto: Gerard Jerry

Foto: Gerard Jerry

Foto: Gerard Jerry

Foto: Gerard Jerry

Foto: Gerard Jerry

Foto: Gerard Jerry

Foto: Gerard Jerry

Foto: Gerard Jerry