SPILLDAG VUM 25. SEPTEMBER OP DEN 2. OKTOBER VERLUECHT

Leider Si mir gezwongen eise Spilldag vum 25. September op den 2. Oktober ze verleeën, well een anert Event dëse Weekend an der Sportshal vum Rehazenter wäert stattfannen. 🙁

Mee mir gesinn et positif, well esou hu mir nach 1 Woch Training ir mir dann endlech géint Bad Kreuznach spille kënnen.

Also neien Datum: 2. Oktober 2022 um 12.00 Auer & 14.00 Auer

MIR HOFFEN DASS TROTZDEEM GANZ VILL LEIT EIS ËNNERSTËTZE KOMMEN. 🙂

p.s. Eng Buvette wäert och sur place sinn, dat heescht nom Match kënne mir nach ee Patt zesummen drénken. 🙂 🍻

Regionspokal a 24 Stonnen dribbelen fir ee gudden Zweck

Dëse Weekend waren d’Lux Rollers am vollen Asaz.

Regionspokal zu Heidelberg

Moies fréi um 05:45 Auer ass et mat engem flotte Reesbus vum Emile Weber op de Regionspokal op Heidelberg gefuer ginn.Leider konnte just 6 Spiller mat op Heidelberg fueren, mee déi 6 Spiller hunn awer hiert bescht probéiert den Regionspokal mat op Lëtzebuerg ze kréien. Dat ass awer net gegléckt well vun 3 Matcher hu mir leider 2 Matcher verluer an esou konnte mir net an der Final un de Start goen. Trotzdeem huet den Trainer Werner Briesch sech ganz ze fridden gewiesen awer och gesot, dass mir eis nach a verschiddene Saachen verbessere mussen.

24 Stonnen dribbelen fir ee gudden Zweck – Special Olympics

De 17. September ass och fir déi zweete Kéier „24 Stonnen dribbelen“ organiséiert ginn.

Ee laangjärigen Kolleg vun de Lux Rollers, de Rocky ass een vun den Haptorganisatoren vum 24 Stonnen dribbelen an dat lescht Joer konnten d’Lux Rollers schonn net deelhuelen an do hunn d’Lux Rollers awer dëst Joer decidéiert, dass mir elo un der 2. Editioun mussen deelhuelen.

De Raymond, Michèle an d’Josée hu mat gemaach an hunn de Samschdeg fir ee gudden Zweck gedribbelt.

1. SPILLDAG LUX ROLLERS – 25.09.2022 AM REHAZENTER

De 25. September ass endlech erëm esou wäit.
Mir hunn eisen éischte Spilldag heiheem géint Bad Kreuznach. 💪🏀
🏀 Mir spillen um 12.00 Auer & 14.00 Auer. 🏀
Kommt eis Ënnerstëtzen, léiert déi nei Spiller kennen a mir wäere frou wa mir esou vill wéi méiglech Leit géifen erëm gesinn. ☺️🏀
💪🏀BIS NÄCHSTE SONNDEG DE 25. SEPTEMBER AM Rehazenter Luxembourg💪🏀
P.s. De ganze Spillplang vun de Lux Rollers fannt dir ënnert der Rubrik Termine  🏀