D’LUX ROLLERS WAREN DE WEEKEND ZU KÖLN AKTIV

Moies fréi um 06:00 Auer ass et mam Voyages Emile Weber op Köln lass gaang.

Um 10.00 Auer hate mir den éischte Match géint Köln 99ers 2.
Schonn fir d’Halbzeit ware mir 38:13 hannen géint Köln.
No der Paus konnte mir 2. Véierel fir eis entscheeden. 11:17 an 12:15.
Leider war de Réckstand fir d’Halbzeit ze grouss, esou dass mir zum Schluss awer 61:45 géint Köln verluer hunn.

Direkt duerno um 12:00 Auer ass et weider gaang géint den BBC Münsterland 2.
Dëse Match war de ganzen Zäit op Aan héischt. Zur Halbzeit ware mir 19:28 vir, mee do der Halbzeit hunn d’Münsterländer besser an d’Spill fonnt a konnt op 36:39 verkierzen.
De 4. Véierel hu mir erëm an d’Spill fonnt an hunn de leschte Véierel 10:19 gewonnen.
Um Enn hu mir 46:58 géint Münsterland gewonnen.

Elo hu mir 2 Woche Paus. Den 3. Februar geet et dann weider zu Münster.
Do spille mir um 13.00 Auer géint Münsterland 2 an um 15.00 Auer géint Green Sharks 2.

ENG VICTOIRE AN ENG DEFAITE FIR D’LUX ROLLERS DE WEEKEND

Um 11 Auer de Sonndeg hu mir eisen 1. Match géint den ASV Bonn gespillt.

Zwee Véierel laang konnt den ASV Bonn gutt mat eis mathalen an mir hunn op Aanhéischt gespillt.
An der Halbzeit stoung et 31:25 fir eis.
No der Halbzeit hu mir besser an de Match fonnt. Mir hunn flott als Equipp zesummen gespillt an hunn wichteg Kierf getraff. Um Enn konnte mir eis dann 59:46 géint den ASV Bonn duerchsätzen.

Um 15.00 Auer hu mir dann déi éischte Kéieran der Saison géint Green Sharks Essen gespillt.
Do hunn Green Sharks direkt an deenen éischte Minutten gewisen wat se kënnen an hunn den éischte Véierel mat 8:22 gewonnen. Den 2. Véierel war dunn méi ausgeglach an do konnte mir den 2. Véierel 12:10 fir eis entscheeden, esou dass et an der Halbzeit 20:32 fir d’Green Sharks stoung.

No der Paus hu mir erëm gutt an souguer besser an d’Spill fonnt wéi d’Green Sharks a konnten och den 3. Véierel 23:10 gewannen, esou dass et nom 3. Véierel 43:42 fir eis stoung.

Leider haten d’Green Sharks de längeren Otem a konnten de Match mat 52:55 fir sech entscheeden.

Hei ënnen nach e puer Impressiounen vum 2. Match.

EE GROUSSE MERCI UN DE JERRY GERARD (SCHNUTZ) FIR DEI FLOTT FOTOEN.

LESCHTE SPILLDAG FIR D‘LUX ROLLERS HEIHEEM

Den 10. Dezember hu mir „leider“ eisen leschte Spilldag heiheem am Rehazenter Luxembourg.

Dowéinst wäere mir ëmsou méi frou wann den 10. Dezember ganz vill Leit eis géifen ënnerstëtzen kommen. ☺️💪🏀

Mir wäerten op jiddefall probéieren déi 4 Punkten a Lëtzebuerg ze halen. 💪🏀

Mir probéieren déi

Progamm:

11.00 Auer Lux Rollers : ASV Bonn
13.00 Auer Green Sharks : ASV Bonn
15.00 Auer Lux Rollers : Green Sharks

WÉI ËMMER ASS FIR GEDRÉNKS AN EPPES KLENGES ZE IESSEN BESCHTENS GESUERGT. ☺️🍻🎉🏀

D‘Lux Rollers waren am Lycée Edward Steichen zu Cliärref

Lescht Woch en Donneschdeg, ware mir am Lycée Edward Steichen – Ecole internationale Edward Steichen zu Cliärref. Den Tom an d‘Anne hunn eis awer net déi éischte Kéier op Cliäirref invitéiert. Si leeën immens vill wäert drop fir hire Schüler ze weisen dass, wann een an de Rollstull kënnt, dass d‘Liewen awer viru geet.

Mir waren bal 3 Stonnen bei hinnen am Lycée. Iwwert déi 3 Stonne hu mir den 20 Schüler de Rollstullnasket méi no bruecht. 👌🏀

Dir waart eng flott a sympatesch Klass a mir freeën eis schonn drop am Mäerz erëm zréck bei iech an d‘Éislék ze kommen. ☺️🏀