Ee chargéierte Progamm fir d‘Lux Rollers de Weekend

Muer den Owend geet et scho lass fir d‘Lux Rollers. Mir kréien muer den Owend an der Halbzeit beim Frëndschaftsmatch Lëtzebuerg géint Sluc Nancy d‘Geleeënheet fir eis 10 Minutten ze presentéieren. ☺️🏀

Ee grousse Merci elo schonn der Fédération luxembourgeoise de Basketball – page administrative fir hir Ënnerstëtzung. 💪🏀

Also RDV muer den Owend um 18.00 Auer an der Coque. 🏀

——————

Sonndesmoies fréi um 05:45 Auer geet et dann mam Voyages Emile Weber op Wetzlar.

Do wäerte mir um 10:00 Auer an um 12:00 Auer géint den RSV Lahn-Dill 2. Mannschaft spillen.
Si stinn fir de Moment op der 2. leschter Plaz an der Tabell, wat awer näischt heesche wëll, well Si hunn zwee Ex-Bundesligsten an hierer Mannschaft spillen a wa Si dobäi sinn, wäerten Si probéieren eis et immens schwéier ze maachen. 😉🏀

D‘Zil ass et awer Kloer dass mir 2 Victoiren mat Heem brénge wëllen. 💪🏀

D’LUX ROLLERS IWWERWANTEREN UN DER TABELLESPËTZT!

Den 11. Dezember ware mir bei de ING Skywheelers Youngsters zu Frankfurt op Besuch, a mir konnten déi zwee Match fir eis entscheeden.

Den éischten Match hu mir 33:57 gewonnen an den zweeten 46:59.

Den éischte Match war relativ séier entscheed woubäi beim zweete, mir méi laang gebraucht hunn fir de Match fir eis ze entscheeden. Youngsters haten sech gutt ëmgestallt an konnten bis zum 3. Véierel gutt mat eis mathalen. Duerno konnte mir awer lues a lues fortzéien an konnten den zweete Match nach fir eis entscheeden.

Elo wäerte mir un der Tabellespëtzt iwwerwanteren. Heidelberg huet och nach kee Match verluer, mee mir hunn eng besser Kuerfdifferenz an dowéinst sinn mir éischten.

A propos Heidelberg:

DE 5. FEBRUAR KËNNT HEIDELBERG AN DE REHAZENTER. MARKÉIERT IECH DAT SCHONN DÉCK AM KALENNER AN KOMMT DEN TOP-MATCH KUCKEN!