De Freideg hate mir eis Assemblée générale am Rehazenter Luxembourg wou mir de Bilan iwwert d’Joer 2022 gemaach hunn an och provisoresch Bilan fir d’Joer 2023 gemaach hunn.
Austriedend an neizewielend waren den Raymond Schintgen (President) a Michèle Medernach (Vize-Presidentin).
Allebéid hunn hier Kandidatur erëm era geschéckt esou dass Si opmanst mol weider zwee Joer am Comité sinn. 😉
De Comité stellt sech elo esou zesummen:
President: Raymond Schintgen
Vize-President: Michèle Medernach
Trésorier: Justine Fisch
Sekretär: Philippe Faber
Memberen: Franca Allegra, Manuel Fonseca a Josée Martin
Dem Gerard Jerry Villmools Merci fir d’Fotoen. ☺️
An alleguer de Leit och Merci, déi un eiser A.G. deel geholl hunn.