MINI-LËNSTER 2023

Mini-Lënster aus haut op een Enn gaangen a mir vun de Lux Rollers waren déi lescht Woch och erëm zwee Deeg zu Mini-Lënster.

Moies hate mir een Atelier mam Rollstullbasket, wou d‘Kanner Profi-Sportler waren. Dat heescht als éischt ass mol trainéiert ginn an duerno ass nach ee Match gespillt ginn.
Du enger Stonn als Profi-Sportler bei eis, konnten d‘Kanner sech hier Lënsto‘s siche goen.

Mëttes si mir dann mat de Rollstill duerch Mini-Lënster gefuer fir ze kucken wou een mam Rollstull era kënnt oder net.

Bei der Police a bei der Bank si mir net mam Rollstull eran komm mee soss war awer alles accessibel.

Gëschter war d‘Journée officielle vu Mini-Lënster wou zwee vun eis och do waren. Mir kruten dunn eng Visite Guidée gemaach an do hate mir gesinn dass bei der Police a bei der Bank Rampen gemaach gi sinn an elo kënnt een och mat engem Rollstull eran, BRAVO. 👏

Als Ofschloss vun deenen zwee Deeg wou mir ëmmer do sinn, ass dann och Traditioun dass mir een Match géint d‘Éducateuren maachen. 😜💪🏀

BIS AN ZWEE JOER. ☺️

VILLMOOLS MERCI UN DE GAART AN HEEM VU RÉIDEN!

Haut ware mir zu Réiden bei der Gaart an Heem Réiden asbl op hirer Mammefeier.

Awer net ouni Grond:
Mir kruten een generéisen Don vun 3.000€ vun hinnen iwwerreecht. ☺️🍀

Mir sinn ëmmer immens frou fir all Ënnerstëtzung déi mir kréien.

Zumols wann een bedenkt dass een neie Basketstull haut bal 12.000€ kascht.
An dann hu mir nach keen Material kaf a sinn nach net mam Bus op eis Matcher gefuer.

Nach eng Kéier ee grousse Merci fir deen flotten Don an dee flotten Nomëtteg zu Réiden. ☺️

Ee grousse Merci och dem Charles Reiser fir déi flott Fotoen. 👍