season 2024/2025

Mir sinn voll an der Préparatioun fir d’Saison 2024/2025.

Start vun eiser neier Saison ass den 29. September zu Düsseldorf fir den RBD-Pokal.

Den 20. Oktober geet offiziell d’Saison am Championnat un an dat direkt mat engem Spilldag am Rehazenter Luxembourg. ☺️🏀

Méi Informatiounen iwwert eis Spilldeeg an eis Spiller kommen geschwënn eng Kéier no.

Elo schonn ee grousse Merci fir är Ënnerstëtzung!

Paris 2024

🇱🇺 D‘Lux Rollers wënschen alleguer den Athleten déi un de paralympeschen Spiller zu Paräis deelhuelen, vill Erfolleg. 🍀💪
Äre Courage, Wëllenskraft an Equippegeescht, sierf dat als Spectateur oder Athlet ass bemierkenswäert. ☺️
Dir sitt eng Inspiratioun fir eis all.
Nach eng Kéier vill Gléck fir dass dir gutt Leeschtunge zu Präis brénge kënnt an dass är Dreem an Erfëllung ginn. 🏅✨

🇫🇷 Les Lux Rollers souhaitent bonne chance à tous les athlètes qui participeront aux Jeux Paralympiques de Paris 2024 !🍀💪 Que ce soit en tant que spectateurs ou en tant que compétiteurs, nous saluons votre détermination, votre courage et votre esprit d’équipe. Vous êtes une source d’inspiration pour nous tous. Bonne chance à chacun d’entre vous dans vos performances et vos rêves ! 🏅✨

Lëtz celebrate inclusion

Les Lux Rollers ont participé au Lëtz Celebrate Inclusion « Alles Normal » qui s’est déroulé ce samedi, le 13 juillet au Geesseknäppchen. Leur participation a été marquée par des démonstrations de leurs compétences et par leur engagement à promouvoir l’inclusivité dans le sport. Ils ont interagi avec les participants, partageant des moments de camaraderie et de soutien mutuel.

D’Lux Rollers hunn um Event « Lëtz Celebrate Inclusion – Alles Normal » deelgeholl, deen dëse Samschdeg, den 13. Juli, am Geesseknäppchen stattfond huet. Hir Participatioun gouf duerch Demonstratioune vun hire Kompetenzen an hiren Engagement fir d’Inklusioun am Sport ze promoten markéiert. Si hunn mat de Participanten interagéiert a Momenter vun Zesummenhält an géigesäiteger Ënnerstëtzung gedeelt.

D‘Lux Rollers waren bei de Special Olympics Luxembourg op Besuch

Den 30. Juni si mir vum Marco Rock op den Holleschbierg an d‘Sportshal invitéiert ginn.

Do war iwwert de ganze Weekend een internationalen Turnéier organiséiert vun de Special Olympics Luxembourg.

Sonndes konnte mir dann och eis flott Sportart présentéieren.

Hei eng flott Fotogalerie vun eiser Demostratioun:

2024 Invitational Unified Basketball Tournament   SO-Allstars - Luxrollers (35)

VILLMOOLS MERCI DASS MIR HUNN DIERFTEN DOBÄI SINN. ☺️💪🏀