D’Lux Rollers hunn ee mol verluer an ee mol gewonn

Gëschter hate mir zwee Matcher am Rehazenter Luxembourg géint Heidelberg gespillt.

Mir hunn den éischte Match 58:49 géint Si verluer, dofir hu mir awer den zweete Match 58:52 gewonnen. 💪🏀
Et huet gutt gedoen mol erëm een Match ze spillen och wann et leider net an der gewinnter Form konnt stattfannen.
Mir wollten awer och nach eng Kéier profitéieren fir der Banque Raiffeisen een groussen Merci auszeschwätzen fir hieren generéisen Don, deen Si eis virun e puer Wochen gemaach hunn. MERCI. ☺️
Grousse MERCI awer och un alleguer déi, déi eis gëschter ënnerstëtze komm sinn. ☺️🏀
🏀🇱🇺🏀 BIS GESCHWËNN. 🏀🇱🇺🏀

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert