Charity Run 2022 zu Steesel

Dësen Dënschden gëtt erëm de Charity Run zu Steesel organiséiert. 🏃‍♂️🏃🏃‍♀️

Dëst Joer geet den Don awer net un eis mee un d‘Ukraine.

Dat wëlle mir natierlech och ënnerstëtzen andeems mir mat esou vill wéi méiglech Leit wäerten um Charity Run deelhuelen.

Domatt awer nach net genuch:
D‘Lux Rollers hunn entscheed fir een Don vun 250,00€ ze maachen fir dass déi Suen och kënnen un d‘Ukraine gespennt ginn.

Déi Woch drop ass den ING NIGHT MARATHON, also ass den Charity Run nach eng gutt Préparatioun. ☺️💪🏃‍♂️🍀🏃

KOMMT A LAFT FIR EEN GUDDEN ZWECK! ☺️

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert