A.G. Lux Rollers

De Freideg hate mir eis järlech Assemblée générale am Rehazenter Luxembourg.

Ir mir awer mat der A.G. ugefaangen hunn, hu mir nach missten virdrunner eng Assemblée générale extraordinaire ofhalen.

Mir hunn nämlech eis Statuten iwwerschafft vue dass een neit ASBL’s Gesetz a Kraft getrueden ass an eis Statuten eng rei Joeren net geännert goufen.

D’Assemblée huet eis Statuten dann och ugeholl, esou dass mir elo mam neie Gesetz conforme sinn.

De Raymond krut vun der Mannschaft eng Maquette mat eisem Logo iwwerrreecht fir all seng Joeren déi hien als Spiller aktiv war. Hien huet decidéiert de Basketrollstull un den Nol ze hänken an esou ënnert seng Baskets-Carrière ee Schlussstrech ze zéien.

Am Divers kruten nach e puer Leit Merci gesot. Dat waren d’Josée Martin an Anne C.

D’Josée krut Merci gesot fir déi flott Zesummenaarbecht iwwert déi Joeren am Comité. D’Josée huet aus perséinleche Grënn décidéiert keng Kandidatur méi ze stellen.

D’Anne krut och villmools Merci gesot well et Softschell-Jacketten fir d’Mannschaft, de Comité an dem ganze Staff gesponsert huet.

Mir hunn awer och een neien Comitésmember bäi kritt an zwar ass dat de Steve Weber. Hien selwer ass zanter 2 Joer bei eis am Veräin als Spiller aktiv.

De Comité gesäit elo esou aus:

President: Raymond SCHINTGEN
Vize-President: Michèle MEDERNACH
Trésorier: Justine FISCH
Sekretär: Philippe FABER
Memberen: Franca ALLEGRA, Manuel FONSECA an Steve WEBER

Keessereviseuren: Patrick SCHILTGES an Pol MEDERNACH.

Ee grousse Merci dem Jerry Gerard fir déi flott Fotoen.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert