1. DOPPELSPILLDAG HEIHEEM AM REHAZENTER

De Weekend waren Paralympic Days an Night am Rehazenter Luxembourg.

Sonndes hate mir dann och eisen éischte Spilldag heiheem.

Um 11.00 Auer hu mir géint RBC Köln 99ers 2 gespillt. Leider hu mir de Match 30:45 verluer.

Um 15.00 Auer ass et mat eisem zweete Match weider gaang an dat géint RBG Dortmund 51 e.V. Och de Match hu mir leider 46:56 verluer. 😢🏀

Fir den éischte Match géint Köln, ass awer den RTL Lëtzebuerg an de Rehazenter komm.

Si hunn ee flotte Reportage iwwert d‘Lux Rollers gemaach. Hinnen ee grousse Merci dofir. ☺️🏀

Elo hu mir eng kleng Paus ir et dann den 10.12.2023 erëm weider geet. Dat erëm am Rehazenter. 💪

Weider Informatiounen kommen do nach no. 🏀

Paralympic Day & Night 2023

Nächste Weekend ass et esou wäit.
Dann hu mir net nëmmen eisen éischte Spilldag heiheem, mee dee Weekend sinn och Paralympic-Days am Rehazenter Luxembourg.

Samschdes kënnt dir dann ënner anerem och eis flott Sportart probéieren kommen. 🏀

Awer niewt dem Rollstullbasket, kënnt die och nach ganz vill aner paralympesch Sportarten ausprobéieren. ☺️

Loosst iech dat net entgoen. ☺️💪

Paralympic-Days & Night ginn vum Luxembourg Paralympic Committee organiséiert. Elo schonn ee grousse Merci fir d‘Organisatioun an dat flott Event. 😃

ERFOLLEGRÄICHEN TRAININGSDAG FIR D‘LUX ROLLERS

De Weekend hate mir eisen Trainingsdag am Rehazenter.

Moies ass et ugaangen mat vill Theorie a schéissen. Um 11.30 Auer ass sech gestärkt ginn ir et dunn um 13.00 Auer an 15.30 Auer géint SFD-Rollis Bad Kreuznach gaangen ass.

Den éischte Match wollt eisen Trainer, de Werner Briesch, déi verschidden Variatiounen ausprobéieren déi méiglech sinn a mir wollten net onbedéngt de Match gewannen. Trotzdeem konnte mir de Match 61:40 fir eis entscheeden.

Den zweete Match wollte mir dann och gewannen, mee mir hunn et eis immens schwéier gedoen. Mir hunn vill Bäll dolaanscht geschoss a konnten eis ni richteg ofsätzen. Si hunn och verschidde Spiller gutt aus dem Spill gehalen esou dass déi net esou vill Punkten konnten wéi am 1. Match. Wéi mir dunn ugefaangen hunn eis „Press“ ze spillen konnte mir bëssen ewäsch zéien.

Um Enn konnte mir de Match dann nach 45:35 gewannen.

Ee grousse geet un SFD Bad Kreuznach dass Si erëm bei eis komm sinn fir 2 Matcher ze spillen.
Mir hoffen dass déi flott Frëndschaft nach wäert bestoe bleiwen, och wa mir déi nächst Saison net méi wäerten an der selweschter Liga spillen.

Ee riese grousse Merci geet awer och un de Sven Hemmen deen eis déi zwee Matcher päife komm ass an och dem Christiane Schmitt, Manuel Fonseca, Katrin Kohl a Fränz Schwartz. Si hunn während deene 2 Matcher den Dësch gemaach. ☺️🏀

De 15. Oktober start dann déi nei Saison fir eis zu Bonn. 💪🏀

Den 29. Oktober hu mir eisen éischte Spilldag am Rehazenter Luxembourg. ☺️💪🏀

TRAININGSDAG DE SAMSCHDEG AM REHAZENTER

A gutt 3 Wochen geet déi nei Saison 2023/2024 un.

Mir sinn voll an der Préparatioun an dofir hu mir de Samschdeg een Trainingsdag am Rehazenter.

Am Kader vun eisem Trainingsdag, wäerte mir och zwee Frëndschaftsmatcher géint SFD-Rollis Bad Kreuznach maachen.

Wéi ëmmer wäerten eis Matcher am Rehazenter Luxembourg gespillt ginn. 😌

Et geet zwar just ëm eng gëlle Kou, mee wann dir Zäit a Loscht hutt, da kënnt dir eis gären kucke kommen. ☺️💪🏀

MIR GÉIFEN EIS OP JIDDEFALL FREEËN. ☺️🏀