VOLLE WEEKEND FIR D‘LUX ROLLERS

🏀VOLLE PROGRAMM FIR D‘LUX ROLLERS🏀

De ganze Weekend waren d‘Lux Rollers ënnerwee.

De SAMSCHDEG ass et zu Diddeleng ugaangen, wou mir um BeActive Day deel geholl hunn.

Vun 12.00 Auer bis 18.00 Auer ware mir zu Diddeleng virum Gemengenhaus aktiv wou d‘Leit de Rollstullbasket konnten ausprobéieren.

Et waren ganz vill Leit zu Diddeleng an et huet eis awer och anere Leit immens vill Spaass gemaach…😜

DE SONNDEG ware mir dann zu Biereng an der Hal Irbicht, wou verschidde Rotary Clibb aus Lëtzebuerg „Zesummen ënnerwee“ organiséiert hunn. Do konnte mir de Rollstullbasket presentéiren an d‘Leit déi do waren, ware begeeschtert.

Mir hunn do vill nei Bekanntenschaften mat Rotary Clibb gemaach a wou elo secher verschidden gutt Relatiounen wäerten obgebaut ginn. ☺️

Ee grousse Merci dass mir konnten bei iech sinn. 🍀🏀

  • https://monarchie.lu/fr/actualites/zesummen-ennerwee-rotary-club-luxembourg
  • ET WAR FLOTT BEIM TELSTAR

    Gëschter ware mir zu Hesper um Holleschbierg fir eng flott Feier. 50 Joer Telstar Hesper huet et gëschter geheescht.

    Um 15.00 Auer hate mir ee Match zesummen mat den Hären an Dammen vum BBC Telstar Hesperange.

    Ee grousse Merci dass mir bei der flotter Feier konnten dobäi sinn.

    Wann dir är 60 Joer feiert komme mir gären nach eng Kéier op Hesper. ☺️🏀🎉

    50 Joer BBC TELSTAR HESPER

    Dëse Samschdeg si mir hei och dobäi.
    Mir wäerten um 15.00 Auer ee klenge Match maachen.

    Kommt bis laanscht kucken. Fir gutt Stëmmung ass garantéiert gesuergt. ☺️🏀

    An deenen nächsten Deeg gitt dir hei och méi iwwert déi nei Saison 2023/2024 gewuer.

    BIS DE SAMSCHDEG. 😉🏀

    MINI-LËNSTER 2023

    Mini-Lënster aus haut op een Enn gaangen a mir vun de Lux Rollers waren déi lescht Woch och erëm zwee Deeg zu Mini-Lënster.

    Moies hate mir een Atelier mam Rollstullbasket, wou d‘Kanner Profi-Sportler waren. Dat heescht als éischt ass mol trainéiert ginn an duerno ass nach ee Match gespillt ginn.
    Du enger Stonn als Profi-Sportler bei eis, konnten d‘Kanner sech hier Lënsto‘s siche goen.

    Mëttes si mir dann mat de Rollstill duerch Mini-Lënster gefuer fir ze kucken wou een mam Rollstull era kënnt oder net.

    Bei der Police a bei der Bank si mir net mam Rollstull eran komm mee soss war awer alles accessibel.

    Gëschter war d‘Journée officielle vu Mini-Lënster wou zwee vun eis och do waren. Mir kruten dunn eng Visite Guidée gemaach an do hate mir gesinn dass bei der Police a bei der Bank Rampen gemaach gi sinn an elo kënnt een och mat engem Rollstull eran, BRAVO. 👏

    Als Ofschloss vun deenen zwee Deeg wou mir ëmmer do sinn, ass dann och Traditioun dass mir een Match géint d‘Éducateuren maachen. 😜💪🏀

    BIS AN ZWEE JOER. ☺️

    VILLMOOLS MERCI UN DE GAART AN HEEM VU RÉIDEN!

    Haut ware mir zu Réiden bei der Gaart an Heem Réiden asbl op hirer Mammefeier.

    Awer net ouni Grond:
    Mir kruten een generéisen Don vun 3.000€ vun hinnen iwwerreecht. ☺️🍀

    Mir sinn ëmmer immens frou fir all Ënnerstëtzung déi mir kréien.

    Zumols wann een bedenkt dass een neie Basketstull haut bal 12.000€ kascht.
    An dann hu mir nach keen Material kaf a sinn nach net mam Bus op eis Matcher gefuer.

    Nach eng Kéier ee grousse Merci fir deen flotten Don an dee flotten Nomëtteg zu Réiden. ☺️

    Ee grousse Merci och dem Charles Reiser fir déi flott Fotoen. 👍