LUX ROLLERS @ LESC

Am Januar waren d’Lux Rollers am Lycée zu Cliärref.

Hei dann ee flotte Video, deen Si duerch eis Visitt erstallt hunn:

GROUSSE MERCI UN DÉI SYMPATESCH KLASS, ET WAR IMMENS FLOTT MAT IECH. 🙂

Ee chargéierte Progamm fir d‘Lux Rollers de Weekend

Muer den Owend geet et scho lass fir d‘Lux Rollers. Mir kréien muer den Owend an der Halbzeit beim Frëndschaftsmatch Lëtzebuerg géint Sluc Nancy d‘Geleeënheet fir eis 10 Minutten ze presentéieren. ☺️🏀

Ee grousse Merci elo schonn der Fédération luxembourgeoise de Basketball – page administrative fir hir Ënnerstëtzung. 💪🏀

Also RDV muer den Owend um 18.00 Auer an der Coque. 🏀

——————

Sonndesmoies fréi um 05:45 Auer geet et dann mam Voyages Emile Weber op Wetzlar.

Do wäerte mir um 10:00 Auer an um 12:00 Auer géint den RSV Lahn-Dill 2. Mannschaft spillen.
Si stinn fir de Moment op der 2. leschter Plaz an der Tabell, wat awer näischt heesche wëll, well Si hunn zwee Ex-Bundesligsten an hierer Mannschaft spillen a wa Si dobäi sinn, wäerten Si probéieren eis et immens schwéier ze maachen. 😉🏀

D‘Zil ass et awer Kloer dass mir 2 Victoiren mat Heem brénge wëllen. 💪🏀