LUX ROLLERS VS WIESBADEN – 30.04.2023

Leschte Sonndeg, den 30. Abrëll hate mir eise leschte Match géint Wiesbaden am Rehazenter um Kierchbierg.

Mir konnten den éischte Match mat 50:39 géint Wiesbaden gewannen.

Den 2. Match hu mir leider mat 26:66 géint Wiesbaden verluer.
An deem Match war einfach de Wuerm dran an ee wichtege Spiller vun eis, konnt leider den 2. Match net matspillen.

Egal! Am allgemenge kënne mir awer immens stolz op eis sinn, dass mir d’Saison op der 2. Plaz ofgeschloss hunn. 🙂🏀

Elo hu mir Paus mam Championnat bis Ugangs Oktober.
Mir hunn awer nach bis dohinner eng Rei aner Aktiviéiten, wou mir iech natierlech um lafenden halen.

Dës weideren huet AABBL „Association des Anciens du Basket-Ball Luxembourgeois“ eis erëm wéi esou oft mat engem Scheck vun 1.000€ ënnerstëtzt.
Villmools Merci nach eng Kéier fir deen generéisen Don. ☺️🍀

Wa mir schonn bei de MERCIEN sinn, wollte mir alleguerten deene Leit nach villmools Merci soen, déi eis iwwert déi ganz Saison op iergendeng art a weis ënnerstëtzt hunn.

Ee grousse Merci geet awer och un de Gerard Jerry fir déi flott Fotoen deen hien quasi iwwert déi ganz Saison gemaach huet.

MERCI A BIS SPEITSTENS AM OKTOBER! 😊🧡

Foto: Gerard Jerry

Foto: Jerry Gerard

Foto: Gerard Jerry

Foto: Gerard Jerry

Foto: Gerard Jerry

Foto: Gerard Jerry

Foto: Gerard Jerry

Foto: Gerard Jerry

Foto: Gerard Jerry

Foto: Gerard Jerry

Foto: Gerard Jerry

Foto: Gerard Jerry

LUX ROLLERS @ LESC

Am Januar waren d’Lux Rollers am Lycée zu Cliärref.

Hei dann ee flotte Video, deen Si duerch eis Visitt erstallt hunn:

GROUSSE MERCI UN DÉI SYMPATESCH KLASS, ET WAR IMMENS FLOTT MAT IECH. 🙂