1. SPILLDAG LUX ROLLERS – 25.09.2022 AM REHAZENTER

De 25. September ass endlech erëm esou wäit.
Mir hunn eisen éischte Spilldag heiheem géint Bad Kreuznach. 💪🏀
🏀 Mir spillen um 12.00 Auer & 14.00 Auer. 🏀
Kommt eis Ënnerstëtzen, léiert déi nei Spiller kennen a mir wäere frou wa mir esou vill wéi méiglech Leit géifen erëm gesinn. ☺️🏀
💪🏀BIS NÄCHSTE SONNDEG DE 25. SEPTEMBER AM Rehazenter Luxembourg💪🏀
P.s. De ganze Spillplang vun de Lux Rollers fannt dir ënnert der Rubrik Termine  🏀

C.O.S.L. Spillfest 2022

Dësen Donneschdeg nach näischt vir?

Da kommt op d‘C.O.S.L. Spillfest op der Kockelscheier.

D‘Wierder gëtt excellent fir bëssen Sport ze maachen. 😉

D‘Lux Rollers sinn dëst Joer och erëm dobäi.

Dir fannt eis an der Eishockeyhal.

BIS DEN DONNESCHDEN. ☺️🏀

Charity Run 2022 zu Steesel

Dësen Dënschden gëtt erëm de Charity Run zu Steesel organiséiert. 🏃‍♂️🏃🏃‍♀️

Dëst Joer geet den Don awer net un eis mee un d‘Ukraine.

Dat wëlle mir natierlech och ënnerstëtzen andeems mir mat esou vill wéi méiglech Leit wäerten um Charity Run deelhuelen.

Domatt awer nach net genuch:
D‘Lux Rollers hunn entscheed fir een Don vun 250,00€ ze maachen fir dass déi Suen och kënnen un d‘Ukraine gespennt ginn.

Déi Woch drop ass den ING NIGHT MARATHON, also ass den Charity Run nach eng gutt Préparatioun. ☺️💪🏃‍♂️🍀🏃

KOMMT A LAFT FIR EEN GUDDEN ZWECK! ☺️