A.G. Lux Rollers

De Freideg hate mir eis järlech Assemblée générale am Rehazenter Luxembourg.

Ir mir awer mat der A.G. ugefaangen hunn, hu mir nach missten virdrunner eng Assemblée générale extraordinaire ofhalen.

Mir hunn nämlech eis Statuten iwwerschafft vue dass een neit ASBL’s Gesetz a Kraft getrueden ass an eis Statuten eng rei Joeren net geännert goufen.

D’Assemblée huet eis Statuten dann och ugeholl, esou dass mir elo mam neie Gesetz conforme sinn.

De Raymond krut vun der Mannschaft eng Maquette mat eisem Logo iwwerrreecht fir all seng Joeren déi hien als Spiller aktiv war. Hien huet decidéiert de Basketrollstull un den Nol ze hänken an esou ënnert seng Baskets-Carrière ee Schlussstrech ze zéien.

Am Divers kruten nach e puer Leit Merci gesot. Dat waren d’Josée Martin an Anne C.

D’Josée krut Merci gesot fir déi flott Zesummenaarbecht iwwert déi Joeren am Comité. D’Josée huet aus perséinleche Grënn décidéiert keng Kandidatur méi ze stellen.

D’Anne krut och villmools Merci gesot well et Softschell-Jacketten fir d’Mannschaft, de Comité an dem ganze Staff gesponsert huet.

Mir hunn awer och een neien Comitésmember bäi kritt an zwar ass dat de Steve Weber. Hien selwer ass zanter 2 Joer bei eis am Veräin als Spiller aktiv.

De Comité gesäit elo esou aus:

President: Raymond SCHINTGEN
Vize-President: Michèle MEDERNACH
Trésorier: Justine FISCH
Sekretär: Philippe FABER
Memberen: Franca ALLEGRA, Manuel FONSECA an Steve WEBER

Keessereviseuren: Patrick SCHILTGES an Pol MEDERNACH.

Ee grousse Merci dem Jerry Gerard fir déi flott Fotoen.

CHARITY RUN – 28.04.2024

An enger Woch ass de Charity Run zu Steesel.

Dës Kéier net wéi et soss ëmmer war Dënschdes, mee SONNDES. 🏃🏃‍♀️🏃‍♂️

Pro Ronn ginn 2,00€ un d‘Lux Rollers gespend.

Kommt a laft, walk, oder fuert fir de gudden Zweck. 🏃‍♂️

Elo schonn ee grousse Merci fir är Ënnerstëtzung. 🍀🏃‍♂️🏃🏃‍♀️

Hei ënnen um Flyer fannt dir nach méi Informatiounen.

D’LUX ROLLERS WAREN DE WEEKEND ZU KÖLN AKTIV

Moies fréi um 06:00 Auer ass et mam Voyages Emile Weber op Köln lass gaang.

Um 10.00 Auer hate mir den éischte Match géint Köln 99ers 2.
Schonn fir d’Halbzeit ware mir 38:13 hannen géint Köln.
No der Paus konnte mir 2. Véierel fir eis entscheeden. 11:17 an 12:15.
Leider war de Réckstand fir d’Halbzeit ze grouss, esou dass mir zum Schluss awer 61:45 géint Köln verluer hunn.

Direkt duerno um 12:00 Auer ass et weider gaang géint den BBC Münsterland 2.
Dëse Match war de ganzen Zäit op Aan héischt. Zur Halbzeit ware mir 19:28 vir, mee do der Halbzeit hunn d’Münsterländer besser an d’Spill fonnt a konnt op 36:39 verkierzen.
De 4. Véierel hu mir erëm an d’Spill fonnt an hunn de leschte Véierel 10:19 gewonnen.
Um Enn hu mir 46:58 géint Münsterland gewonnen.

Elo hu mir 2 Woche Paus. Den 3. Februar geet et dann weider zu Münster.
Do spille mir um 13.00 Auer géint Münsterland 2 an um 15.00 Auer géint Green Sharks 2.